Onroueg Nuecht fir d'Diddelenger Rettungsdéngschter.

Net manner wéi 33 Asätz goufen et fir d'Secouriste vun Diddeleng an der vergaangener Nuecht.

Eng sëlleche Kelleren hu missen ausgepompelt ginn.

Duerch déi héich Unzuel un Asätz gouf de Poste Fixe am Centre d'intervention fir d'Gestioun vun den Asätz mat 4 Leit besat. 4 Equippe mat insgesamt 20 Pompjeeën hunn déi divers Asätz opgeschafft.

Méi e speziellen Asaz gouf et géint 23:00 Auer op der Autobunn A13. Duerch déi vill Waassermassen huet sech d'Waasser an der Sortie ugesammelt. En Auto huet dëst ze spéit gemierkt an ass mat sengem Gefier am Waasser hänke bliwwen. Mëttels Treuil ass den Auto aus der mësslecher Laach befreit ginn.

Insgesamt ware 24 Pompjeeën am Asaz.

 

1  3  2  111

News 2018

Social



CID SHOP

CID

  • 97, rte de Luxembourg
    L-3515 Dudelange
  • +352 523 750-1
  • +352 523 750-29
  • info (@) cid.lu
JoomShaper